Tréierer Police18 Joer jonke Lëtzebuerger weist sech gewaltbereet

RTL Lëtzebuerg
De jonke Mann, dee wuel alkoholiséiert an drogéiert war, gouf festgeholl, well bei enger Identitéitskontroll och eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt gouf.
© AFP Archiv

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf en 18 Joer jonke Lëtzebuerger an engem Quartier kontrolléiert, well ze déif an d’Glas gekuckt hat a wuel och Droge konsuméiert hat. Am Kader vun der Identitéitskontroll gouf nieft senger Lëtzebuerger Carte d’identité och eng geréng Quantitéit Haschisch bei him fonnt.

Well hien um Wee op de Policebüro ëmmer méi aggressiv gouf, d’Poliziste beleidegt huet a sech gewaltbereet gewisen huet, hunn him missen Handschellen ugedoe ginn.

En Otem-Alkoholtest huet schlussendlech e Wäert vu ganzer 1,84 Promill erginn. No der Identitéitskontroll an enger Bluttprouf duerch en Dokter gouf hien heem gefouert. Eng Plainte wéinst Widderstand géint “Forces de l’ordre” gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO