Héich Demande fir de Juli189 Leit hu leschte Mount eng Demande op Asyl zu Lëtzebuerg gemaach

Diana Hoffmann
102 Persoune kruten Asyl accordéiert, domadder sinn et fir dëst Joer 380 Leit, bei deenen de Statut vum Refugiée unerkannt ginn ass.
© Ausseministère

Bilan vun den Asyl-Demanden / Reportage Diana Hoffmann

Am Laf vum Mount Juli hunn 189 Leit eng Demande op international Protektioun hei zu Lëtzebuerg gemaach, dat mellt d’Immigratiouns-Direktioun aus dem Ausseministère e Freideg de Moien. Bis elo goufen dëst Joer 1.256 esou Demanden eragereecht. D’lescht Joer ëm dës Zäit waren et der bis dohinner 1.115.

© Ausseministère

Et ass déi gréissten Zuel zanter 5 Joer fir e Juli. D’Majoritéit vun den Demandeure si mat 37,9 Prozent bis elo dëst Joer Syrer an Eritreeër mat 14,3 Prozent. Dono kommen Afghanen, Venezuelaner, Tierken a Marokkaner. An reelle Chiffere sinn dat am Juli 62 Syrer, 43 Eritreeër, 12 Venezuelaner an 8 Afghanen.

Am Ganzen 380 Persoune kruten dëst Joer hei am Land bis elo de Statut als Refugié. 166 Persoune kruten e Refus op hir Ufro no internationaler Protektioun. Am Juli goufen, wéi gesot 189 Demanden eragereecht, 102 Persoune kruten am selwechte Mount awer och eng negativ Äntwert.

Demande sinn am Verglach zum Juli Zejoert mat 12 Persoune méi, ëm 6,3 Prozent an d’Luucht gaangen. Ma och iwwert déi lëscht 4 Joer gekuckt ass dëse Chiffer eropgaangen. Just 2018 waren et mat 238 ganzer 49 Persoune méi. Aus de Statistike geet ervir, dass 2018 mat 2.204 e Joer war wou besonnesch vill Demandë gestallt goufen. Dat selwecht Joer krute bal 1.000 Persounen, de Statut vum Refugié.

De Krich an der Ukrain féiert weiderhin dozou, dass Ukrainer eng Demande op eng temporär Protektioun hei am Land stellen. Am Juli waren dat nach 81 Persounen. Dëst Joer goufe bis elo vun Ukrainer 582 esou Demande gestallt.

Communiqué iwwert d'Protection temporaire am PDF

Back to Top
CIM LOGO