Esou reagéiert de Psycholog a Famillientherapeut Gilbert Pregno op d'Resultater aus dem Pisa-Test, déi hien awer mat vill Intressi verfollegt hätt.
Déi Resultater géifen eppes driwwer aussoen, wéi d'Kanner an déi Jonk léieren a si géifen an engem Ëmfeld léieren, dat net gënschteg fir si wier.
Wat en Handyverbuet an den ënneschte Klassen ugeet, seet de Gilbert Pregno, et wier eng Iddi Zonen ze schafen, wou keng digital Medien erlaabt sinn.
Dat kéint an der Schoul sinn, mä et géif de Problem net léisen. Hie géif sech erwaarden, datt e Verbuet och e Signal fir d'Elteren ass.