
Um 11:45 Auer war et um Lampertsbierg an der Allée Scheffer eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer , bei där eng Persoun blesséiert ginn ass. Op der Plaz waren d'Stater Ambulanz a Pompjeeën.
An der Mëttesstonn koum et op der N26 tëscht Noutem a Béiwen zu engem Accident, an deen zwee Motocycliste verwéckelt waren. D'Pompjeeë vun der Gemeng Stauséi an d'Ambulanz vu Wolz waren do am Asaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.
E weidere Blesséierte war et kuerz no 13:30 Auer, wéi sech op der Diddelenger Autobunn A3 am Beräich vun der Aire de Berchem en Auto an e Camion ze pake kritt haten. D'Pompjeeën aus der Stad an d'Ambulanz vun Diddeleng hu sech hei drëms gekëmmert.
Kengem war eppes geschitt, wéi kuerz no 15 Auer zu Käerjeng op der Haaptstrooss e Gefier a Brand gerode war. Déi lokal Pompjeeë waren dohi fir ze läschen an d'Strooss hat eng Zäit musse gespaart ginn.