Wéinst engem Déifdrockgebitt iwwer Dänemark komme maritim Loftmassen op Lëtzebuerg duer. Dat heescht onbestännegt Wieder mat ville Reeschaueren. Méi Reen heescht Flëss, déi klammen. D’Uelzecht an d’Nieweflëss sinn an der Nuecht op e Mëttwoch effektiv weider geklommen, confirméiert d’Waasserverwaltung e Mëttwoch. E puer Peegelen hunn d’Côte de préalerte iwwerschratt. D’Côte d’alerte gouf zu Biissen, Miersch an Ettelbréck depasséiert. Weider Iwwerschreidunge sinn de Mëttwoch de Moien awer elo mol net z’erwaarden, och wann Hesper un der Grenz tëscht Virwarnung an Alerte ass. Den Niveau vun der Atert ass e bësse gefall. D’Uelzecht an d’Äisch bleiwen op engem méi héijen Niveau. Wat d’Sauer ugeet, gouf d’Côte d’alerte zu Dikrech iwwerschratt an d’Virwarnung zu Bollenduerf.
D’Niveauen un der Sauer falen nëmme lues.
Den ACL mellt um Mëttwoch de Moien eng ganz Rei Stroossen, déi wéinst Iwwerschwemmunge gespaart sinn, dëst souwuel an der Stad, wéi och iwwer Land. Et ass dann och den Appell un d’Automobolisten, sech un d’Deviatiounen ze halen, an net ze probéieren awer duerch gespaarte Stroossen ze fueren.
Zu Bollenduerf ginn och Stroossen zougemaach, well d’Waasser immens héich steet plazeweis.
Déi aktuell Peegelstänn fënnt een op inondation.lu.
D’Meteolux huet fir en Dënschdeg a Mëttwoch Wiederwarnungen erausginn. En Dënschdeg géint 14 Auer gouf d’Alerte Orange, déi fir dat ganzt Land aktiv war, am Süden op eng Alerte Rouge eropgesat. Och um Mëttwoch gëllt dës Warnung, dat och nach emol tëscht 14 Auer a Mëtternuecht. Am Norde vum Land bleift et en Dënschdeg an um Mëttwoch bei der Alerte Orange. Weider Informatioune fannt Dir hei. Och Kachelmann warnt viru weidere kräftege Schaueren um Mëttwoch, wouduerch et plazeweis zu Iwwerschwemmungen an Héichwaasser komme kann. Meteolux huet e Mëttwoch de Moie géint 10 Auer och eng Alerte rouge fir de kompletten Donneschdeg erausginn.

D’Héichwaasserzentral huet en Dënschdeg viru méiglechen Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg gewarnt, dat virun allem a Géigende laanscht d’Uelzecht. Um Dënschdeg de Mëtteg gouf dann och d’Phase d’alerte de crue opgemaach. Iwwer GouvAlert.lu ass en Dënschdeg am Nomëtteg eng Warnung un d’Populatioun erausgaangen.
D’Autoritéite stelle sech op en 10- bis 20-järegt Héichwaasser an. Dat sot den Direkter vun der Waasserverwaltung, de Jean-Paul Lickes, en Dënschdeg an eisem Owesjournal. Hien huet awer ënnerstrach, datt mer nach wäit ewech si vum Joerhonnert-Héichwaasser vun 2021.
Aus deem hätt ee geléiert. Dofir wier d’Cellule d’évaluation schonn zënter 48 Stonnen am Kontakt. An där Cellule sinn zum Beispill den Haut-Commissariat à la protection nationale, de CGDIS, d’Meteolux an d’Waasserverwaltung. Déi Acteure hu sech och an der Nuecht op e Mëttwoch ausgetosch.
De CGDIS huet en Dënschdeg am Nomëtteg iwwert hire Facebook-Site och eng Héichwaasserwarnung erausginn an de Leit doran eng Rei Recommandatioune ginn. Et sollt ee sech ënnert anerem informéiert halen an déi betraffe Regioune wa méiglech meiden.
D’Gemeng Ettelbréck huet en Dënschdeg kuerz no 11 Auer dann och eng Warnung erausginn, et sollt een evitéieren, säin Auto um Parking Däich ze parken, respektiv um -1 vum Parkhaus. En Dënschdeg am Nomëtteg gouf de Parking wéinst dem Iwwerschwemmungssrisk als “zou” ausgewisen.
Den Niveau -1 vum Parkhaus ass gespaart an d’Leit si gebieden, hiren Auto vum Parking Deich erof ze huelen, deelt d’Gemeng Ettelbréck mat. Leit, déi am Iwwerschwemmungsgebitt liewen, sollen hiren Auto aus hire Garagen a laanscht d’Stroosse forthuelen.
D’Stad Lëtzebuerg huet dann och via Communiqué matgedeelt, dass wéinst dem Héichwaasserrisiko bis spéitstens 15 Auer en Dënschdeg folgend ëffentlech Infrastrukturen zougemaach goufen:
Wéinst der Iwwerschwemmungsgefor sinn an der Stad ausserdeem eng Rei Stroosse gespaart, dat an de Quartiere Gronn, Polvermillen/Bouneweg an Eech:
Et soll een den Deviatiounsschëlder nofueren.
Et gëtt allgemeng drun erënnert, ënnert dëse Wiederverhältnesser virsiichteg op de Stroossen ze sinn. Nieft der Gefor duerch Aquaplaning kënnen och Äscht oder souguer ganz Beem an d’Strooss falen, wéi hei zum Beispill op der Streck tëscht Keel a Butschebuerg.

Et gëtt betount, dass d’Evenementer vu Juli 2021 wuel net erreecht ginn, ma et wieren trotzdeem déi néideg Mesuren ze huelen.
D’Gemeng Schengen stellt den Awunner zu Éimereng op der Kräizung Rue Jean Tasch an an der Rue de l’Église schonn éischt Sandsäck zur Verfügung, wéi d’Gemeng op Facebook matdeelt.
Situatioun uechter d’Land
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?
PDF: D’Schreiwes vun inondation.lu.