FNR-Award2.491 Fuerscher schaffen an eisen Fuerschungsinstituter an op der Uni

Isabelle Henschen
En Donneschdeg den Owend goufen d'FNR-Awards iwwerreecht. RTL Today war vun 19 Auer u live mat dobäi.
Fuerschung zu Lëtzebuerg
2.491 Fuerscher schaffen an eisen Fuerschungsinstituter an op der Uni

Et ass e Joer wou méi wéi jee vun hinne geschwat gouf. De Fuerscherinnen a Fuerscher.

Hei am Land ginn et der ëmmer méi an eng Partie vun hinne ginn en Donneschdeg den Owend vum Fonds National de la Recherche mat engem FNR-Award geéiert.

Fannt d'Resultater vum FNR-Award op RTL TodayAn deem Zesummenhang hu mir eis gefrot: Wéi steet et em de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg?

Iwwerbléck iwwert d’Entwécklung vum Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg:

1984 – Grënnung vu Luxinnovation

1987 – Grënnung vun dräi Fuerschungsinstituter (CRP Gabriel Lippmann, CRP Henri Tudor, CRP Santé)

1999 – Grënnung vum Fonds National de la Recherche (FNR)

2003 – Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg

2012 – Uni Lëtzebuerg an d’Fuerschungsinstituter plënneren op de Campus Esch-Belval

2015 – Fusioun an Ëmbenennung vun den CRPen zu LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), LIH (Luxembourg Institute of Health) and LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research)

Haut schaffen hei zu Lëtzebuerg 2.491 Fuerscher an den dräi Fuerschungsinstituter an op der Uni.

Enn 2019 goufe vum Fuerschungsministère an dem FNR-Prioritéite fir d’Entwécklung vum Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg festgehalen. Dobäi goufe véier interdisziplinär Fuerschungsfelder definéiert, op déi sech d’Fuerschung hei am Land soll ausriichten.

En Donneschdeg den Owend goufe fir déi 12. Kéier d’FNR-Awards iwwerreecht. Fuerscher a speziell Projeten, déi sech mat der Wëssenschaftskommunikatioun beschäftegen, goufen dobäi ausgezeechent.

Fannt d'Resultater vum FNR-Award op RTL Today

Back to Top
CIM LOGO