Op frëscher Dot erwëscht2 Abriecher waren iwwert eng Terrass an en Haus erakomm

RTL Lëtzebuerg
Zu Neiduerf-Weimeschhaff an der Stad gouf der Police géint 2 Auer e Freideg de Moien en Abroch an engem Eefamilljenhaus gemellt.
© pixabay

Abriecher hate sech hanne beim Haus iwwert eng Terrassendier Zoutrëtt an d’Gebai verschaaft. D’Abriecher hunn alleguerten d’Reim am Haus duerchsicht.

Wéi d’Police d’Haus dunn duerchsicht huet, hunn d’Beamten déi 2 Abriecher op frëscher Dot um 2. Stack vum Haus erwëscht. Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl a kommen e Freideg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO