Am Lokalen2 Accidenter an op e puer Plazen am Land hat et gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt 6 Tëschefäll e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg, bei deenen awer kee Mënsch blesséiert gouf.
© RTL Archivbild

Tëschent 18 an 20 Auer hat et an der Stad, zu Réiden, zu Nojem an zu Mäertert gebrannt.

Um Square New York an der Stad war kuerz virun 23 Auer en Auto an e Bus gerannt an an der Rue Munkacsy ass en Auto 1.20 Auer accidentéiert. Wéi gesot ass awer néirens engem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO