
Zu Esch ass kuerz no 17 Auer en Auto engem anerem um Boulevard G-D Charlotte hannen drop gerannt, an dat alles anescht wéi lues, wéi d’Police an hirem Bulletin schreift. Am Ganze goufen hei 3 Leit blesséiert.
Géint 20.50 Auer war et nach en Accident mat engem Won um CR172 tëscht Monnerech an Éilereng. Hei ass eng Persoun verwonnt ginn.
An zu Esch hat et géint 18.30 Auer an enger Kiche gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt.
En Dënschdeg de Moie kuerz vir 7 Auer gouf zu Bartreng an der Rue de mamer eng Foussgängerin ugestouss, wéi se iwwert den Zebrasträife gaangen ass. D’Fra koum no enger éischter Behandlung op der Plaz an d’Spidol.