
E Mëttwoch den Owend krute sech kuerz virun 19 Auer 2 Ween an der Rue de Laboratoire zu Bouneweg ze paken. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.
Zu Uewerkuer ass eppes no 21 Auer en Auto an der Avenue Charlotte an eng Mauer geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten. Wéi d’Police nach präziséiert, war de Chauffer ze séier ënnerwee, wéi et zum Accident koum. Hien hat an enger Kéier d’Kontroll iwwert säi Won verluer. Hie gouf wéi gesot liicht verwonnt, et gouf awer och festgestallt, dass Alkohol am Spill wier. Well de gemoossene Wäert duebel esou héich war, wéi erlaabt, krut de Mann de Permis ofgeholl. Hie koum fir eng medezinesch Behandlung an d’Spidol.
En Donneschdeg de Moien dann ass um 6 Auer en Auto op der A13 op der Héicht vu Mutfert op d’Kopp gaangen. Och hei huet de CGDIS gemellt, dass eng Persoun verwonnt gouf.
Géint 7.41 Auer krute sech zu Sandweiler 3 Gefierer ze paken an et gouf 2 Blesséierter.