Brandstëftung net ausgeschloss2 Autoen a Brand an der Nuecht op e Méindeg, Enquête opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Zu Uespelt an der Munnereferstrooss hat sech kuerz no Hallefnuecht en Auto iwwerschloen, mellt de CGDIS. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.
© Domingos Oliveira

Um 2.15 Auer an der Nuecht op e Méindeg haten iwwerdeems zu Habscht an der Henneschtgaass zwee Autoe gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.

Et gouf eng Enquête opgemaach, well Brandstëftung net kann ausgeschloss ginn. No Récksprooch mam Parquet gouf eent vun de Gefierer saiséiert.

E Méindeg de Moie gouf et um 6.11 Auer een Accident mat engem Auto tëscht dem Lehrhaff an der Hierheck. Eng Persoun gouf blesséiert. Donieft waren nach 2 Autoen zu Olm an der Kielener Strooss net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO