Op eise Stroossen2 Blesséierter bei Accident op der A4

RTL Lëtzebuerg
Géint 21.30 e Mëttwoch den Owend hate sech op der A4 an Direktioun Esch tëscht de Sortië Leideleng Nord a Leideleng Süd zwee Autoen ze pake kritt.

Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert. D’Ambulanze vun Esch a Mamer an d’Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad goufen an den Asaz geruff.

Zu Schengen koum et en Donneschdegmoie géint 6 Auer zu engem Accident op der A13 am Tunnel Markusbierg. E Chauffer, deen a Richtung Péiteng ënnerwee war, ass hei géint d’Leitplank geknuppt a gouf dobäi blesséiert. D’Rettungsekippe vu Réimech, Schengen a Munneref waren op der Plaz.

En Donneschdegnomëtteg koum dann och zu engem Accident an der Diddelenger Rue de Volmerange, wou sech zwee Gefierer ze pake kruten. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO