
Wéi d'Police präziséiert, déi Persoun, déi aus dem Gefier huet misse befreit ginn, e Fuerverbuet hat an donieft alkoholiséiert war. D'Pompjeeë vun Miersch a Biissen, de Samu an 2 Ambulanze waren op der Plaz.
Um 18 an 19.30 Auer e Méindeg den Owend hat et 2 mol an der Stad gerabbelt. Eng Kéier op der Polvermillen an eng Kéier am Rollengergronn. Béid Kéiere gouf eng Persoun blesséiert.
Am fréien Owend gouf et och e Verkéiersaccident zu Drénkelt a Richtung Wilwerdang. Och do mellt de CGDIS ee Blesséierten.