Um Samschdegowend2 Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen
RTL Lëtzebuerg
Géint 18.55 Auer e Samschdeg den Owend gouf eng Persoun blesséiert, wéi en Auto op der N23 tëscht Rammerech a Kietscht accidentéiert ass.
Update: 08.12.2025 12:16
D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Rammerech waren op der Plaz.
Ee weidere Blesséierte gouf et dann, wéi en Auto um CR316 tëscht Kauneref an Esch-Sauer accidentéiert ass. Hei waren d’Ambulanz vu Wolz an d’Pompjeeën aus der Stauséigemeng am Asaz.