
Ugefaange mat 8 Auer, do hu sech et op der Tréierer A1 a Richtung Stad en Auto an e Moto ze pake kritt. Hei ass kengem eppes geschitt.
Géint 8.50 Auer ass e Motocyclist zu Schengen an der Wäistrooss gefall a gouf verwonnt.
Kuerz no 10 Auer war et eng Kollisioun tëscht zwee Autoen op der N7, Colmer-Bierg an Direktioun Rouscht. Hei gëtt de CGDIS keng Informatiounen, ob eng Persoun verwonnt gouf.
Gerabbelt huet et dann nach zu Heesdref, dat géint 10.40 Auer op der Haaptstrooss. Hei ass ee Blesséierten ze bekloen.
Zu Gouschteng koum et iwwerdeems géint 10.20 Auer zu enger Dampentwécklung an engem Haus. Hei ass och kengem eppes geschitt.