CGDIS2 Blesséierter bei Frontalkollisioun, Permis zu Keel agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, hat et en Donneschdeg den Owend um CR102 tëscht Keespelt a Schëndels tëscht zwee Gefierer geknuppt.
© RTL Archiv

Beim Accident goufen zwou Persoune blesséiert, eng dovunner schwéier. Si goufe vum Samu an d’Spidol bruecht. Donieft waren och d’Pompjeeë vu Miersch a Kielen op der Plaz. D’Streck war bis ongeféier 20.30 Auer komplett fir den Trafic gespaart.

Zu Wolz an der Route d’Ettelbrück war géint 18.17 Auer en Auto vun der Strooss ofkomm an de Rampli erofgerëtscht. Et gouf kee blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Wolz a Géisdref.

Zu Keel gouf der Police géint 19.30 Auer en Auto gemellt, deen op eng opfälleg Fuerweis a Richtung Collectrice ënnerwee war. D’Chauffesch konnt ugehale ginn, en éischten Alkoholtest war positiv. Well d’Fra weider Tester refuséiert hat, gouf hire Permis agezunn an eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO