
Wéi d’Police präziséiert, wollt de Chauffer just an deem Moment en aneren Auto iwwerhuelen, wéi e Camion entgéintkoum. Hien huet därmoosse staark missen ofbremsen, dass de Mann d’Kontroll iwwert säi Won verluer huet a mat der Bäifuerersäit e Bam ze pake krut. D’Fra, déi op där Säit souz, gouf schro verwonnt a gouf mam Rettungshelikopter an d’Spidol geflunn.
Geschitt war den Accident géint 10 Auer. Wéi den ACL mellt, war eng Spuer fir den Trafic gespaart. Kuerz no 12 Auer war den Accident geraumt. Am Asaz waren de Samu, d’Pompjeeë vu Gréiwels a Rammerech am d’Ambulanz vu Réiden.
Um Donneschdeg de Moie géint 7.20 Auer huet sech op der A7 tëscht dem Tunnel Stafelter an dem Tunnel Grouft en Auto op d’Kopp geluecht. Eng Persoun gouf hei verwonnt. De Samu, d’Pompjeeën zu Nidderaanwen an aus der Stad, grad ewéi d’Stater Ambulanz waren op der Plaz.
Géint 6 Auer ass am Rond-point zu Angelduerf e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf verwonnt. D’Ambulanz Nordstad, grad ewéi d’Pompjeeën Nordstad an Angelduerf goufen op d’Plaz geruff.
Zu Hueschtert an der Rue Adethana koum et géint 12 Auer zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen, bei där 1 Persoun blesséiert gouf. Am Asaz waren d’Ambulanz vu Jonglënster an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen.
Kuerz virun 13 Auer koum et zu Léiweng an der Route de Luxembourg zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Hei gouf awer keng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Réiser waren op der Plaz.
Géint 16.20 Auer gouf um Boulevard Royal an der Stad eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Op der Plaz am Asaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad.