Bartreng2 Brigangen an Akafszenter op frëscher Dot gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen 2 Männer e Méindeg an engem Akafszenter gestallt, nodeems si d'Keese mat onbezuelte Wuere passéiere wollten.

D'Sécherheetspersonal war wéinst hirem verdächtege Behuelen op d'Brigangen opmierksam ginn an huet eng Policepatrull erbäi geruff, déi grad eng Ronn am Akafszenter gemaach huet. Am Ganze goufe Wueren am Wäert vu ronn 1.100 Euro, eng héich Zomm Boergeld an Handye sécher gestallt.

Béid Männer goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter, deen d'Verhaftung ordonéiert huet. Déi geklaute Wuere koumen zeréck, d'Suen an d'Handye goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO