
Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 201 Neiinfektiounen an 118 Reinfektiounen - insgesamt also 319 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.280 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 275 waren ergänzend Dosen, wärend 3 Leit eng zweet Dosis kruten a fir eng Persoun war et déi alleréischt Impfung.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.