
Déi grouss Hëtzt ass aktuell jo emol eriwwer, ma Mëtt Juni haten déi staatlech Autoritéiten jo eng "Vigilance Rouge" ausgeruff, well den Thermometer iwwer déi 40 Grad geklommen ass.
Zanter 2015 gouf esou eng rout Alerte just véier Mol wéinst héijen Temperaturen ausgeruff. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsminister Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.
Iwwregens hate sech dëst Joer 436 Leit an déi extra Lëscht ageschriwwen, fir dass een no hinne kucke kënnt. D'Regierung hat jo extra sensibiliséiert, dass eeler Leit iwwer 75, déi eleng liewen, sech bei deem Programm konnten aschreiwen. Tëscht dem 18. an dem 29. Juni eleng hätt een iwwer 4.700 Kontakter mat deene Leit gehat.