Policebulletin2 Drogendealer an 1 Consommateur gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police konnt um Donneschdeg 2 presuméiert Dealer mat enger gréisserer Quantitéit un Droge stellen. Donieft gouf och e Consommateur op der Flucht gepëtzt.
© RTL Archiv

2 presuméiert Drogendealer gestallt

En Donneschdeg de Mëtteg goufen an der Route de Thionville zwou Persounen ermëttelt, déi verdächtegt ginn Drogen ze verkafen. Beim Duerchsiche vun de Persoune goufen am Ganzen 112 Drogekugelen Heroin a Kokain, eng gréisser Quantitéit u Mephenon-Pëllen, Boergeld an dräi Handye fonnt. Bei der Perquisitioun vun den Haiser konnt nach eng kleng Quantitéit un Haschisch a weidert Boergeld séchergestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee festgeholl an d’Géigestänn saiséiert.

Consommateur gepëtzt

Kuerz no 19 Auer ass enger Patrull e Mann an der Avenue de la Gare opgefall. Wéi dësen d’Beamte gesinn huet, huet hie sech duerch d’Bascht gemaach, konnt awer kuerz drop gestallt ginn. D’Ermëttlungen hunn erginn, datt de Mann wärend senger Flucht Drogen entsuergt hat, déi awer och séchergestallt konnte ginn.

Am Ganze goufen eng 7,5 Gramm Marihuana, Boergeld an Handye saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf Plainte géint de Mann gemaach.

Back to Top
CIM LOGO