Zanter dem Summer Trainer beim FC MetzLuc Holtz: "Ech hat och mat verschiddene Lëtzebuerger Spiller Kontakt"

Serge Olmo
De franséische Championnat an der zweeter Divisioun leeft zanter e puer Wochen. Zanter dem Juni setzt de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer op der Metzer Trainerbänk.
De Luc Holtz no sengen éischte Méint beim FC Metz
De Championnat an der Ligue 2 leeft schonn e puer Wochen. Zanter dem Juni steet de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer zu Metz an der Responsabilitéit.

No senger 15 Joer laanger Statioun als Trainer vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an enger Saison bei Waldhof Mannheim an der drëtter däitscher Liga huet de Luc Holtz am Summer d'Responsabilitéit beim franséischen Traditiounsveräin FC Metz iwwerholl. De Club net wäit vu Lëtzebuerg spillt zanter dëser Saison an der Ligue 2. Den FC Metz war aus Lëtzebuerger Siicht an de leschte Joren ëmmer interessant, well verschidde Lëtzebuerger do gespillt hunn, beispillsweis den aktuellen Nationaltrainer Jeff Strasser, de Vincent Thill, de Chris Philipps oder de Laurent Jans.

Donieft hate viru bal 60 Joer de Johny Leonard an de Fernand Jeitz den Transfert bei d’"Grenats" gemaach. De Jeitz war laang Jore Kapitän. Vun 1973 bis 1978 war de Nico Braun zu Metz. Den elo 75-Järegen ass nach ëmmer mat sengen 109 markéierte Goler de beschte Buteur vum Club. En Dënschdeg war hien och am Trainingszenter zu Metz, dëst am Kader vun engem Documentaire vun der FLF iwwert d’Nowuessaarbecht. Am de Moment ass de 16 Joer jonken Hamza Kadamani am Kader a koum och schonn dräimol zum Asaz.

Luc Holtz - Trainer FC Metz: "Den Hamza huet ee grousst Talent. Mee d'Fro ass, wéi geet hien an deenen nächste Méint ëm mat der Weis fir ze schaffen, mat deenen Informatiounen, déi ee kritt, fir sech weiderzeentwéckelen. Och mat de Sollicitatiounen, déi hie sécher kritt, villäicht och vun anere Veräiner. Ech huele lo net ee Lëtzebuerger, fir ee Lëtzebuerger ze huelen. Wann ech un ee Lëtzebuerger denken, dann muss et och eng Plus-value sinn, fir de Veräin a fir d'Ekipp. Dat ass einfach den Usaz. An, jo, ech hat och mat verschiddene Lëtzebuerger Spiller Kontakt."

De fréieren FLF-Coach ka sech ënner anerem virstellen, weider Lëtzebuerger Spiller op Metz ze huelen, wéi hien dat als Trainer och zu Mannheim mam Vincent Thill gemaach huet. Aus engem Transfert vum Danel Sinani oder dem Christopher Martins op Metz ass beispillsweis näischt ginn. Dat huet hien am RTL-Interview erkläert.

De Luc Holtz ass den éischte Lëtzebuerger Trainer an der Veräinsgeschicht vum FC Metz. Ënnerstëtzt gëtt hie vun 2 fréiere Metzer Spiller, wéi dem Mario Mutsch, dee laang mam Holtz zesumme bei der FLF aktiv war, an dem Yannick Kakoko, deen nach d’lescht Saison mam FC Déiffedeng 03 d’Coupe als Trainer gewanne konnt. Déi zwee Co-Traineren hunn dem fréieren Nationaltrainer d’Integratioun vereinfacht an engem Veräin mat groussen Ambitiounen.

Luc Holtz - Trainer FC Metz: "D'Ambitioune vum Veräin si jo fir d'nächst Joer an d'Ligue 1 opzesteigen. Deen Drock mierkt een natierlech och bei deene Leit am Veräin, ëm de Veräin. Ech muss awer perséinlech soen, datt et natierlech enorm Spaass mécht, fir mat de Jongen dann all Dag um Terrain ze sinn. Ech mengen, een, deen och elo erëm eng Kéier Training-Seance gesinn huet, mat wéi vill Enthusiasmus dat se bei der Saach sinn, ass dat natierlech och fir eis Trainere schéin dat ze gesinn. D'Infrastrukture si fantastesch."

No dräi Spilldeeg steet den FC Metz op der 6. Plaz am Klassement, dat mat enger Victoire an 2 Mol goufen d’Punkte gedeelt. De Luc Holtz ass bis ewell zefridden. Den nächste Match e Samschdeg zu Annecy soll scho gewonne ginn, fir ze weisen, datt d’"Grenats" uewen ugräife wëllen.

De kompletten RTL-Interview mam Luc Holtz
De Serge Olmo war de fréieren FLF-Coach op Metz besichen.

Back to Top
CIM LOGO