Police2 Fürerschäiner agezunn, well d'Chaufferen ze vill gedronk haten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war op der A7 op der Héicht vum Kierchbierg en Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall.
© Police Archiv

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass den Alkoholtest positiv war. De Fürerschäi gouf agezunn.

Änlech ass et kuerz no Hallefnuecht engem Chauffer gaangen, deen an der Stad gestoppt ginn ass, well en a falscher Richtung duerch eng Einban gefuer ass. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis domat fort.

Back to Top
CIM LOGO