
Bei enger Persounekontroll koum eraus, dass zwee vun hinne keng Openthaltsgeneemegung haten. Well ugeholl gouf, dass d'Männer méiglecherweis am Besëtz vu geklaute Géigestänn wieren, gouf de Parquet informéiert an d'Objete saiséiert, déi bei béide Verdächtege fonnt goufen. A Récksprooch mam Ausserministère goufen déi zwee Auslänner an de Centre de Rétention bruecht.
En Dënschdeg de Mëtteg géint 11.30 Auer koum et um Belval an der Avenue du Rock'n Roll zu engem versichten Iwwerfall. D'Affer gouf dobäi blesséiert a misst an d'Spidol bruecht ginn. Déi zwee presuméiert Täter goufe festgeholl. D'Ermëttlunge lafen.
An der Stad gouf en Dënschdeg den Owend eng Persoun ermëttelt, déi opgrond vun engem spueneschen Haftbefeel gesicht gouf. De Parquet gouf doriwwer informéiert an huet ordonnéiert, de Mann festzehuelen. Hien hat e Mëttwoch Rendezvous virum Untersuchungsriichter.