An der Stad2 Iwwerfäll an all kéiers gouf eng gëlle Kette geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, koum et e Sonndeg den Owend zu 2 Iwwerfäll, eemol op der Kinnekswiss, deen aneren am Garer Quartier.
© RTL Archivbild

Géint 18.30 Auer gouf eng Famill, déi do duerch de Park spadséiert ass, vun hanne vun 3 onbekannte Persounen ugegraff. De Mann krut dobäi e Coup mat der flaacher Hand op d’Broscht. Dono hunn déi Onbekannt sech nees ewech gemaach. Kuerz Zäit méi spéit huet de Mann gemierkt, dass seng gëllen Halskette fort wier. Eng Plainte gouf deposéiert an d’Ermëttlunge lancéiert.

Kuerz no 17 Auer ass e Foussgänger am Garer Quartier vu 4 Männer op säin Hond ugeschwat ginn. Dat war allerdéngs just eng Oflenkung, fir dem Mann seng Halskette vum Hals kënnen ze rappen. Ma de Mann huet sech gewiert a seng Kette ugehalen, sou datt d’Brigangen ouni Bijou a Richtung Zentrum dervu gemaach.

Beschreibung der Tatverdächtigen: von nordafrikanischer Herkunft, die Männer waren von schlanker und zirka 1,80m groß. Sie trugen Shorts und Kappen.

Back to Top
CIM LOGO