Am Lokalen2 liicht Blesséierter bei 2 Accidenter um Mëttwochowend

RTL Lëtzebuerg
Wéi den CGDIS mellt, koum et e Mëttwoch de Owend zu 2 Accidenter op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

Eng Persoun gouf liicht blesséiert bei engem Accident kuerz virun 19 Auer zu Esch. Hei koumen 2 Autoen net laanschteneen.

Ee weidere liicht Blesséierte gouf et nach kuerz no 22 Auer bei engem Accident tëscht Waarken a Bierden.

Weider mellt den 112 nach en Auto, deen e Mëttwoch den Owend géint 21 Auer zu Esch a Brand gerode war.

Back to Top
CIM LOGO