Op der Hollerecher Gare an um Lampertsbierg gouf un d'Schicksal vun Dausende jonke Lëtzebuerger erënnert.
Mam Néierleeë vu Blumme beim Mémorial de la Déportation op der Hollerecher Gare huet de Gedenkdag ugefaangen. Vun hei aus goufen am Zweete Weltkrich vill jonk Lëtzebuerger an d'Däitscht Räich geschéckt. Am Oktober 1942 sinn déi éischt Zich mat Zwangsrekrutéierte gefuer.
Den 30. August 1942 hat de Gauleiter Gustav Simon um Lampertsbierg de Militärdéngscht fir d'Lëtzebuerger Männer vun de Joergäng 1920 bis 1924 obligatoresch gemaach. Méi spéit goufen och d'Joergäng 1925 bis 1927 erageholl.
Insgesamt goufen an de Joren duerno ronn 10.200 jonk Lëtzebuerger Männer zwangsrekrutéiert. Déi grouss Majoritéit huet missen an enger Uniform kämpfen, déi si sech net erausgesicht haten – vill vun hinnen op der Ostfront. Vill sinn am Krich gefall oder bloufe vermësst, anerer koumen a sowjettesch Gefaangenschaft. Knapp 3.000 vun den Zwangsrekrutéierten hunn de Krich net iwwerlieft oder sinn net méi heemkomm.
"Zwangsrekrutéierung ass a bleift dat gréisste Krichsverbrieche vun den Nazien un der Lëtzebuerger Jugend"
Mee och jonk Frae waren direkt vun de Moossname vum Nazi-Regimm betraff. 3.614 Lëtzebuergerinnen hu missen an de Reichsarbeitsdienst respektiv an de Kriegshilfsdienst.
Fir de Josy Lorent, President vun der Fédération des Enrôlés de Force, bleift d'Dimensioun vun deem, wat deemools geschitt ass, dofir kloer: "Zwangsrekrutéierung ass a bleift, ech ginn net midd, fir dat ëmmer erëm ze widderhuelen, dat gréisste Krichsverbrieche vun den Nazien un der Lëtzebuerger Jugend."
Widderstand mat déidleche Konsequenzen
D'Zwangsrekrutéierung ass an der Lëtzebuerger Bevëlkerung op massive Widderstand gestouss. Schonn den Dag no der Annonce vum Gauleiter Simon hunn op verschiddene Plazen am Land Streiken ugefaangen.
Den Nazi-Regime huet mat brutaler Repressioun reagéiert. 21 Gréviste goufen zum Doud verurteelt an higeriicht. Och Leit, déi probéiert hunn, sech der Zwangsrekrutéierung ze entzéien, an hir Famillje konnten haart bestrooft ginn.
D'Konsequenze waren esou wäitreechend, datt kaum eng Lëtzebuerger Famill net direkt oder indirekt vun der Zwangsrekrutéierung betraff war.
Eng Erënnerung mat Bléck op d'Géigewaart
84 Joer méi spéit geet et bei der Commemoratioun awer net nëmmen ëm d'Vergaangenheet. Bei der Zeremonie virun der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg gouf och d'Bréck an d'Géigewaart geschloen. Mat de politeschen Entwécklungen an Europa an der Popularitéit vun extreem rietse Parteie stellt sech fir d'Organisateuren an déi politesch Vertrieder d'Fro, wéi demokratesch Wäerter och fir déi nächst Generatioune kënne geschützt ginn.
De Chamberpresident Claude Wiseler huet dobäi un déi perséinlech Responsabilitéit appelléiert: "Et geet och drëm, sech all Dag anzesetzen. An net nëmmen duerch Klicken um Internet, mee all Dag mat all senger Energie sech dofir anzesetzen, datt eis Wäerter och kënnen oprecht erhale ginn – an dat och fir déi nächst Generatiounen."
D'Commemoratioun soll domat méi sinn ewéi d'Erënnerung un en historeschen Datum. Si soll d'Geschichte vun enger Generatioun weiderdroen, där Krich an Diktatur e groussen Deel vun hirer Jugend geholl hunn.