Arméierten Iwwerfall2 Männer goufen no engem Iwwerfall zu Bouneweg festgeholl

RTL Lëtzebuerg
De 26. Dezember gouf der Police en Iwwerfall géint 13.45 Auer an der Diddenuewener Strooss zu Bouneweg gemellt.

E maskéierten Täter huet sech mat enger Matraque arméiert Zougang an eng Wiertschaft verschaaft, huet de Proprietär menacéiert an ass kuerz drop mat der kompletter Keess fortgelaf.

Zwee Verdächteger goufe kuerz drop no séieren Ermëttlunge gestallt an op Uerder vum Parquet festgeholl. Och déi geklaute Keess gouf net wäit vun enger Schoul an enger Heck fonnt.

Béid verdächteg Männer koumen an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO