An der Nuecht op en Donneschdeg2 Persoune festgeholl no Abroch an en Zeitungsbuttek an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Den Alarm vun engem Zeitungsbuttek an der Nuecht op en Donneschdeg zu Hollerech huet d'Police op de Plang geruff.

Op der Plaz konnten 2 presuméiert Abriecher op frëscher Dot erwëscht ginn. Si haten d’Entréesdier opgebrach an eng gréisser Quantitéit u Staangen Zigaretten a Lotterie-Rubbellouse matgoe gelooss.

Hannert dem Buttek huet d’Patrull ee vun de Brigange virfonnt, dee versicht hat, sech do ze verstoppen. An enger Poubelle niewendrun hunn d’Beamten e puer Staangen Zigaretten an e Rucksak mat Geschier, fir anzebriechen, séchergestallt. Eng zweet verdächteg Persoun konnt kuerz drop net wäit vum Buttek ausgemaach ginn. De Mann hat eng eidel Poubelle bei sech an donieft eng gréisser Unzuel Rubbellousen am Wäert vun ongeféier 1.000 Euro.

De Parquet gouf informéiert, deen ordonéiert huet, datt béid Verdächteg solle festgeholl ginn. Si koumen en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter, deen en Haftbefeel ausgeschwat huet. D’Männer koumen an Untersuchungshaft op Schraasseg.

Back to Top
CIM LOGO