Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Persoune gestuerwen, vun 11.569 Tester waren der 260 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 738 läit.

Aktuell sinn 124 Persounen hospitaliséiert, dovunner 19 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.409 aktiv Infektiounen a 56.318 Persoune gëllen als geheelt.

1.788 Persoune kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 537 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 82.653 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO