Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Persoune gestuerwen, vun 11.861 Tester waren der 353 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 728 läit.

Aktuell sinn 121 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.337 aktiv Infektiounen a 55.842 Persoune gëllen als geheelt.

1.904 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 560 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 77.997 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO