
D’Police huet de Mann an ee Keefer festgeholl. De presuméierten Dealer hat Drogen, Suen an en Handy derbäi. De Keefer gouf protokolléiert.
Um Mëttwoch ass de Beamte géint 15.20 Auer ee Mann opgefall, deen Drogen verkaf huet op der Kräizung tëscht der aler Avenue an der Bouneweger Strooss. Hien hat 6 Titercher Marihuana derbäi. De Mann hat dernieft 20 Friemkierper am Bauch, wéi no engem Scanner am Spidol konnt festgestallt ginn.
Béid presuméiert Dealeren hate Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.