
Kuerz dono gouf an der Ëmgéigend och e versichten Abroch an en Haus gemellt. No enger Sichaktioun konnten déi zwee presuméiert Täter am Laf vum Moien ermëttelt ginn.
Am Laf vun den Ermëttlunge gouf festgestallt, datt ee vun de béide presuméierten Täter wéinst engem Areesverbuet den Autoritéite schonns bekannt war. De Parquet gouf informéiert a béid Verdächteger goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
E Mëttwoch géint 19 Auer gouf zu Péiteng an der Route de Niederkorn e Jugendleche vun 2 Onbekannte vun hannen attackéiert. De jonke Mann gouf mat engem Messer menacéiert a gouf beklaut. Déi zwee Täter konnte flüchten.