Hunchereng2 Verdächteger no versichtem Abroch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 10 Auer hunn 2 Persoune versicht, an en Eefamilljenhaus an der Rue de la Résistance zu Hunchereng anzebriechen.
© RTL-Archiv

Béid Männer konnte mat Hëllef vun Indicë vun den Awunner ermëttelt ginn. Si haten opfälleg Bauaarbechter-Kleedung un an hu versicht, sech duerch eng Fënster Zougang zum Haus ze verschafen. Dobäi goufe si allerdéngs erwëscht an hu sech mat engem Auto mat franséischer Plack aus dem Stëbs gemaach.

Zu Steebrécke konnt d'Gefier vun der Police gestoppt ginn. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl, den Auto gouf saiséiert. Wéi sech erausgestallt huet, war de Won weder verséchert nach ugemellt. D'Männer koumen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO