
"Moie Mamm, mäin Telefon ass futti! Dat hei ass meng nei Nummer..." Esou, oder esou änlech fänken dacks Bedruchstricker un, bei deenen am juristesche Jargon vu "Faux enfant" geschwat gëtt. Elo steet ee Mann am Verdacht, Deel vun engem Bedruchsgrupp gewiescht ze sinn, dee lëtzebuergesch Nummere benotzt huet, fir sougenannte "Schock-SMS" ze verbreeden. Den Ermëttlungen no soll hien eng Rei lëtzebuergesch Nummeren un anerer weiderginn hunn, déi dunn dofir genotzt goufen, potentiell Affer zu Lëtzebuerg ze kontaktéieren. Iwwer 15 Protokoller a Plaintë sinn an deem Kader uechter d'Land bei der Police eragaangen.
De 36 Joer ale Mann gouf an de Centre pénitentiaire Uerschterhaff (CPU) bruecht an de 24. Juli virun den Untersuchungsriichter. D'Ermëttlunge ginn iwwerdeems weider.
Bei dëser Zort Arnaque manipuléieren d'Täter hir Affer, andeems se sech als Persoun ausginn, déi hinnen no steet - dacks e Kand. No enger éischter Noriicht, an där se esou maachen, wéi wann "d'Kand" säin Telefon verluer hätt, probéieren d'Täter da séier Vertrauen opzebauen an täuschen dann eng Noutsituatioun vir. Si kéinten zum Beispill net méi op hire Kont zougräifen, oder hätten iergendwellech Probleemer mat den Autoritéiten, wéinst deene se séier Sue missten iwwerweisen. Si probéieren d'Affer esou dozou ze kréien, Suen ze iwwerweisen an Informatioune weiderzeginn.
Police a Parquet weisen dorop hin, bei Messagë vun onbekannten Nummere gutt opzepassen. Et soll een d'Identitéit vun der Persoun préiwen, andeems ee se op där "aler" Nummer kontaktéiert a mësstrauesch ginn, wann ee freet, dréngend Suen iwwerwisen ze kréien. Et sollt een och ni just opgrond vun enger SMS oder engem Whatsapp-Message Suen iwwerweisen an all verdächteg Messagen der Police mellen.