
Zu zwee Iwwerfäll an der Nuecht op e Samschdeg an e Méindegowend koum et beispillsweis am Garer Quartier:
Beim éischte Virfall krut eng Persoun am Beräich vun der Gare hir Halskette geklaut, nodeems se vun engem Mann ugeschwat a mat der flaacher Hand an d'Genéck geschloe gouf. D'Affer hat doropshi bemierkt, datt hir Kette feelt. Dem Policebulletin no konnt den Täter zwar identifizéiert ma bis ewell nach net fonnt ginn.
E Méindeg den Owend géint 22:15 Auer koum et dunn zu engem änleche Virfall, wéi e Mann an der Rue du Fort Neipperg e Passant ugeschwat, ëm géint d'Bee gerannt an dunn den Aarm ëm et geluecht huet. No engem Schlag op d'Broscht krut och dës Affer hir Halsketten erofgerappt. Eng Enquête gouf lancéiert.
E Méindeg am Nomëtteg koum et du bannent kuerzer Zäit zu zwee Déifstall am selwechte Parfumsgeschäft an der Avenue de la Gare. Géint 15:30 Auer haten zwee Männer e puer Parfume matgoe gelooss, d'Sécherheetspersonal vum Buttek konnt si awer festhale bis d'Police op der Plaz war. Dës huet bei enger Persounekontroll Kleeder bei hinne fonnt, déi virdrun aus engem anere Buttek geklaut goufen.
Zwou Stonnen duerno gouf am Parfumsgeschäft e Mann erwëscht, deen zwou Parfumsfläschen a senger Posch verstoppt hat a goe wollt. Och hie gouf spéider protokolléiert.
Da gouf et e Méindeg awer och eng Rei Abréch: Um Sennengerbierg, an der Rue Munsterbusch, huet e Resident bemierkt, datt a säin Haus agebrach gouf, nodeems hien aus der Vakanz zeréckkoum. D'Täter sinn iwwert eng Kellerfënster erakomm an haten am Keller en eidelen Tresor opgebrach. Geklaut goufen eng Rei héichwäerteg Fläschen Alkohol.
Géint 19 Auer dann e weideren Abroch an en Appartementsgebai an der Rue Auguste Collart zu Beetebuerg. Och hei huet den, oder déi puer Brigangen, sech iwwert eng Kellerfënster Accès verschaaft an e puer Kelleren duerchsicht. Geklaut goufen e Vëlo, eng Luucht a Kleeder.