
Deen 1. vu ronn enger Minutt hat den an 1. Instanz zu liewenslänglechem Prisong Condamnéierten no der 1. Dot vu sengem Auto gemaach. Deen zweete vun enger knapper Stonn huet iwwerdeems d'Rekonstitutioun am Verlaf vum 1. Prozess gewisen, wat d'Bluttspueren am Auto ugeet.
Entgéint deem, wat den am Januar zu liewenslänglechem Prisong Verurteelte sot, hunn d'Biller vun där Rekonstitutioun gewisen, dass den Drogendealer éischter op déi riets Boxesäit vum Chauffeur gefall wär; d'Box vum liewenslänglech Condamnéierten hat awer Bluttspueren op der lénker Säit. Woubäi de Me Knaff, Affekot vum an 1. Instanz zu 10 Joer festem Prisong Verurteelten, bei där Rekonstitutioun d'Fro gestallt huet, ob net de Sëtz vum Chauffeur hätt misse voller Blutt sinn! D'Rekonstitutioun huet och erginn, dass den Drogendealer eventuell net mam Kapp op d'Chauffeursäit gefall, mä éischter a sech zesumme gaangen, respektiv vum Chauffeur no hanne gedréckt gi wär. Ee Constat war deen, dass den Drogendealer vir riets souz an den Auteur vum Schoss lénks dovun; deen hätt och mat sengem rietse Been tëscht de Sëtzer gesiess. Dass de Chauffeur vun hannen op den Drogendealer geschoss hätt, wär iwwerdeems méi schwiereg bis onméiglech gewiescht.
No deenen zwee Videoe goung de Me Rosario Grasso, Affekot vum liewenslänglech Condamnéierten, op déi zweet Dot an. Säi Client hätt ni gesot, deen anere Mann hätt d'Prostituéiert erschoss; en hätt villméi gesot, dee Mann wär säin Auto den Owend vun der Dot siche komm. Et hätt och Ongereimtheete ginn an den Aussoe vu Familljememberen a Bekannte vum anere Mann, wat deem säin Alibi fir deen Owend betrëfft; säi Mandant sollt och heifir „au Bénéfice du doute“ fräigesprach ginn.
Viru knapp 4 Joer war um Schléiwenhaff en Drogendealer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert ëmbruecht ginn. Am Januar waren déi zwee Männer dowéinst um Stater Geriicht eemol zu liewenslänglechem an eemol zu 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, verurteelt ginn.
Dësen Appellprozess geet en Dënschdeg virun.
