Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Persoune gestuerwen, vu 3.798 Tester waren der 1.112 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 966 klëmmt.
© RTL

Aktuell sinn 82 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 10 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.245.161 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 258,09 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 141,64 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO