Rapport CFL2020 goufen et 453 Fäll, wou sech net un déi sanitär Reegele gehale gouf

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

An CFL-Zich goufen tëschent Mäerz an Dezember zejoert 453 Fäll signaléiert, wou Passagéier sech net un déi sanitär Reegele gehalen hunn.

Als Géigemesure gouf eng Sensibiliséierungsaktioun mat Affichë lancéiert, op deenen drop opmierksam gemaach gëtt, datt de Mask obligatoresch ass.

PDF: Äntwert vum François Bausch op d'parlamentaresch Fro vum Marc Goergen

Back to Top
CIM LOGO