
Dës Zuelen deelt d'Gesondheetskeess mat, wou de Verwaltungsrot d'Konten vun der Assurance dépendance fir d'nächst Joer guttgeheescht huet: deemno geet ee mat engem Recetten-Iwwerschoss vun 49 Milliounen Euro aus; dëst Joer huet d'Fleegeversécherung och positiv Chiffere geschriwwe mat engem Boni vu ronn 45 Milliounen Euro.
Dëst Joer goungen d'Ausgabe vun der Fleegeversécherung awer substantiell - an zwar ëm 9% - erop; dëst ass ënner anerem bedéngt duerch eng Hausse vun de Paien beim Fleegepersonal grad wéi duerch de Fakt, datt 4% méi Beneficiairen dëst Joer soignéiert goufen.
Alles an allem sinn 905.000 Leit duerch d'Fleegeversécherung protegéiert; een Drëttel dovunner wunnt net am Land; d'Zuel vun den Assuréë geet dann och weider an d'Luucht.