Association d'assurance accident2021 goufen et 13.712 Aarbechtsaccidenter zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
10 Mënschen hunn zejoert am Zesummenhang mat der Aarbecht hiert Liewe verluer. Dat waren der 9 manner wéi 2020.
© RTL-Archiv

Bei den Aarbechtsaccidenter sinn et der méi wéi dat Joer virdrun, awer manner wéi 2019, also dat Joer virun der Corona-Pandemie. Dat geet aus dem Rapport vun der Associatioun d’assurance accident ervir, wéi de Sozialministère um Dënschdeg de Moie matdeelt.

10 Mënschen hunn zejoert am Zesummenhang mat der Aarbecht hiert Liewe verluer. Dat waren der 9 manner wéi 2020. D’Zuel vu Leit, déi op der Aarbecht krank ginn, si Covid-bedéngt natierlech nach ëmmer e gutt Stéck méi héich gewiescht wéi virun der Pandemie, ëm 88 Prozent. Zwee Drëttel dovu ware Leit aus dem Fleege- a Gesondheetssecteur.

PDF: De Joresrapport 2021

Back to Top
CIM LOGO