Ministeren Dieschbourg an Haagen2021 goufen et ronn 150 Fäll vu Waasserverschmotzung

Roy Grotz
Déi meescht Tëschefäll goufen et well Pëtrol oder Ueleg an d'Waasserleef gefloss ass.
© RTL Archiv

D’Jore virdru goufen an der Moyenne just ronn eng 100 esou Fäll vu Waasserverschmotzung gemellt.

Déi meescht vun dëse Virfäll gi beim 112 gemellt. Aus de Statistike geet och ervir, datt effektiv an de meeschte Fäll Pëtrol oder Ueleg an d’Waasserleef gefloss ass, déi zweet heefegst Ursaach vun den Accidenter ass, datt Piff, Gülle oder Mëllech vu Bauerebetriber a Flëss a Baache gelaf sinn.

Wann zejoert eng 50 méi Fäll vu Waasserverschmotzung opgetruede sinn, sou ass dat bedéngt duerch op d’mannst eng Dose Fäll, déi et wéinst den Iwwerschwemmungen am Juli goufen, wa Mazout ausgelaf war respektiv op een eenzege grousse Virfall zeréck ze féieren, wéi op engem Haff bei Holtz eng 100.000 Liter Piff ongefiltert an d’Noutemerbaach gelaf waren, wat zu enger gréisserer Verknaschtung vun der Ëmwelt gefouert huet, wou aktuell och nach eng Enquête vum Dikrecher Parquet am Gaang ass.

Dës Detailer an Zuele liwweren d’Ministeren Dieschbourg an Haagen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierte François Benoy.

Back to Top
CIM LOGO