Ee Pompjee gouf verwonntScheierbrand zu Tratten, Daachbrand am Pommerlach a Botten a Flamen zu Laaschent

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 150 Pompjeeën aus den Asazzentere quasi aus dem ganzen Norde waren am Asaz.
Zu Laaschent huet et och um Dënschdeg de Moien nach gedämpt.
© CGDIS

D'Donnerwiedere vun e Méindeg den Owend a Blëtzer, déi ageschloe sinn, hu fir vill Aarbecht fir d'Pompjeeën gesuergt. Virun allem am Norden an Nord-Weste vum Land.
Tëscht 21:30 an 22 Auer gouf de CGDIS direkt op 3 gréisser Bränn geruff. Zu Tratten stoung eng Scheier a Flamen. 40 Leit waren am Asaz. D'Pompjeeën haten d'Feier ënner Kontroll. Wéi d'Police op Nofro matdeelt, gesäit et dono aus, wéi wann do e Blëtz ageschloen hätt. Et gouf keng Police Technique op d'Plaz geschéckt.

Um Méindeg den Owend huet no engem Wieder een Daach vun enger Résidence an "An der Gaass" am Pommerlach gebrannt. Hei waren eng 20 Pompjeeën am Asaz. Bei dësem Asaz gouf ee Pompjee liicht blesséiert. D'Police technique war op d'Plaz geschéckt ginn, dëst fir all Eventualitéiten auszeschléissen.

Zu Laaschent an der Gemeng Tandel hunn Honnerte stréie Botte Feier gefaange gehat, wat zu engem Flächebrand vun iwwer 250 Meter Längt gefouert hat. Och um Dënschdeg de Moie war hei nach ëmmer e grousst Glousnascht an d'Pompjeeë si weider op der Plaz. Och hei ass et d'Informatioun vun der Police, dass et dono ausgesäit, wéi wann e Blëtzschlag den Ausléiser vum Feier war.

Iwwer 150 Pompjeeën aus den Asazzentere quasi aus dem ganzen Norde waren am Asaz. Ee vun hinne gouf wärend de Läschaarbechten liicht blesséiert. Fir alles ze koordinéieren, gouf och de "Centre de gestion des opérations" vum CGDIS aktivéiert.

Zu Hiefenech gouf et kuerz virun 21:30 Auer och nach e Vegetatiounsbrand.

A scho kuerz no 17 Auer war zu Al-Tréier eng landwirtschaftlech Maschinn a Brand geroden.

Back to Top
CIM LOGO