
Sou ginn d’Paschtéier an aner Persounen am Zerwiss vun der kathoulescher Kierch, déi virun 2016 och ewell vum Staat bezuelt gi sinn, dat an engem Iwwerganksregimm och nach weider: dëst Paie maachen z.B. zejoert ronn 24,5 Milliounen aus, ronn eng Millioun manner wéi nach 2020.
Op Mäerz dëst Joer goufen ronn 200 Paschtéier am Iwwergangsregimm gezielt a bezuelt, dat sinn der eng 70 manner wéi nach virun 6 Joer.
Iwwert d’Zuel vun Geeschtlechen déi no 2016 vum Bistum agestallt gi sinn, huet d’Regierung iwwerdeem keng Zuelen.