
Hei geet et bei kompletten Dossier:
D’Präisser fir den Immobilier ancien, also Wunnengen, déi schonn op d’mannst eng Kéier de Proprietär gewiesselt hunn, ass sinn déi lescht 6 Méint manner séier geklommen. D’Hausse loung bei 3%. D’Hallefjoer virdru waren et nach bal 6%.
Speziell am Norden an am Oste vum Land sinn d’Präisser manner staark an d’Luucht gaangen.
Ma, och wa manner staark. Se klammen nach ëmmer. A wäerten dat och weider.
D’Experte ginn dovunner aus, datt se sech bei enger Hausse vun 3-5% d’Joer apendelen.
D’Demande no Wunnenge wäert also weider méi grouss bleiwen ewéi d’Offer.
Fir deem entgéintzewierken, misst méi Bauterrain mobiliséiert ginn.
Bauen ass awer duerch den Ukrain-Krich méi deier ginn.
Präis-Haussen bei Stol, Bëtong oder Plättercher si nämlech geklommen a wäerten dat nach weider maachen.
Konstruktiouns-Käschte sinn esou bis zu 20% eropgaangen.
D’Experte confirméieren dann och, datt de Gros vun den Leit, déi den Ament eng Wunneng kafen, Investisseure sinn. An zwar souer, déi kee grousse Prêt misse maachen.
Immobiliëprête sinn och méi deier ginn.
Op d’mannst emol mat engem Taux fixe.
Deen ass op 2,8% geklommen.
Ween e Prêt vun 800.000 Euro op 30 Joer gemaach huet, bezilt elo 410 Euro méi de Mount.
Den Taux variable ass bei 1,4% bliwwen.
Dowéinst gëtt eng Kombinatioun tëscht Taux Fixe an Taux Variable recommandéiert, fir Leit, déi interesséiert sinn, eng Wunneng hei am Land ze kafen.
An där Leit ginn et der nach ëmmer ganz vill.
Sou d’Konklusioun.