
Zu Esch an der Rue Joseph Kieffer hate sech kuerz virun 12 Auer zwee Autoen ze pake kritt. D'Ekippe vun Esch a Rëmeleng hu sech ëm d'Situatioun an ëm de Blesséierte gekëmmert. Zwee Blesséierter gouf et dunn an der Areler Strooss um Belair, wéi zwee Ween net laanschtenee koumen. Hei waren d'Stater Ekippen op der Plaz. D'Ekippe vun Iechternach waren du kuerz no 15 Auer am Asaz, wéi eng Persoun mam Motorrad gefall ass a sech dobäi blesséiert huet.
Da mellt de CGDIS nach zwee Feier. Eng Kéier zu Schraasseg wéi et an enger Zell am Prisong gebrannt huet. Hei waren d'Ekippe vun Nidderaanwen, Hesper an der Stad am Asaz. Zu Bartreng hat da kéint 15:30 en Haus gebrannt. Hei huet de CGDIS d'Corpen aus der Stad, vu Mamer a Bartreng esou wéi de Stater SAMU erausgeschéckt. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.