
D'Alerte jaune gëllt vun e Sonndeg 12 Auer un a geet bis en Dënschdeg de Moien ëm 7 Auer. Obwuel e Sonndeg nawell vill Wolleken um Himmel sinn, bleift et dréchen an d'Temperature klammen am Süden an am Norde vum Land op iwwer 30 Grad. E Méindeg gëtt dann am Süde vum Land souguer mat Temperature vu bis zu 36 Grad gerechent.
Allgemeng bleift et weider waarm dës kommend Woch. En Dënschdeg kéint et e bësse laang erhoffte Ree ginn, ma soss bleift et dréche mat Temperaturen iwwer 30 Grad, ier et dann e Freideg ofkille soll.