
E Sonndeg ass op dem Terrain vun engem Betrib zu Guedleng (op franséisch Gandrange) ee Groussbrand ausgebrach, wéi d'Gemeng an eng Rei Zeie matdeelen. Eng honnert Pompjeeë sinn am Asaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien. D'Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.
Et gouf confirméiert, datt Chemikalien um betraffenen Terrain sinn. Dowéinst goufen d'Awunner an der Géigend opgeruff, an hiren Haiser ze bleiwen an Dieren a Fënsteren zouzemaachen. D'Prefektur Moselle huet d'Awunner vu Guedleng, Amnéville, Vitry-sur-Orne, Clouange a Rombas dozou opgeruff, sech strikt un de Confinement ze halen an Doheem ze bleiwen. Der AFP no sinn 30.000 Leit vun de Warnunge betraff, net virun d'Dier ze goen.
Zanter ronn 10 Auer um Sonndeg de Moie brennt et um Site an der Industriezon net wäit vun Amnéville fort. Éischten Informatiounen no sinn eng 100 Pompjeeën an 58 Gefierer op der Plaz a probéieren, de Flame Meeschter ze ginn.
Bis ewell ginn et nach keng Informatiounen iwwer méiglech Affer. D'Secouriste sinn nach op der Plaz.
D'Prefektur Moselle huet matgedeelt, datt de Virfall eng "500 Meterkaree grouss Lagerhal" betrëfft. D'Prefektur huet "bis op Weideres" preventiv Confinementsmesuren fir d'Awunner vu Guedleng, Amnéville, Vitry-sur-Orne, Clouange a Rombas annoncéiert. An enger Matdeelung an der Mëttesstonn huet de Buergermeeschter vu Guedleng, de Quentin Bigot, matgedeelt, datt "d'Presenz vu Chemikalien an der brennender Lagerhal" confirméiert gi wier, an huet all Mënsch opgeruff, sech un d'Sécherheetsmesuren ze halen.
D'Awunner si gebieden, an hire Wunnengen ze bleiwen, Fënster an Dieren zouzemaachen an esou gutt wéi méiglech ofzedichten. All Deplacementer, déi net onbedéngt néideg sinn, sollen evitéiert ginn an et soll een op kee Fall an d'Géigend vum Feier.
Eng gutt Nouvelle géif et awer ginn: "D'Feier gëtt aktuell vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht. Iwwer 80 Pompjeeë sinn op der Plaz am Asaz a läsche weider d'Feier."
Eng déck schwaarz Dampwollek ass nach Dosende Kilometer wäit fort ze gesinn. D'Dampwollek ass an enge sëllege Gemengen ze gesinn, vu Metz bis Diddenuewen, iwwer Guedleng, Amnéville, Maizières-lès-Metz, Hagondange oder och nach Rombas.
“Ech sinn zu Maizières-lès-Metz an ech gesinn déck Wolleke vu menger Fënster aus. Ech hunn alles verbarrikadéiert", esou d'Fatine.
Zanter dem Ausbroch vum Feier verbreede sech Fotoen a Videoe vum Feier an de Soziale Medien a verbreede Material vun der beandrockender Wollek, déi elo schonn iwwer Guedleng, Amnéville, Maizières-lès-Metz a Rombas schwieft.