Och wann op globalem Niveau nach keen neien absolutte Rekord – wéi 2024 – gebrach gouf, ass den Ofstand minimal. Besonnesch an Europa hu sech d’Konsequenze vum Klimawandel 2025 op alarméierend Aart a Weis manifestéiert, mat enger Rei negative Rekorder.
D’Klima hëtzt sech weider op, an och déi lescht Méint vum Joer hunn dat confirméiert. De November 2025 war an Europa mat enger Moyenne vun 14,02 Grad den drëttwäermsten zanter Ufank vun de Miessungen. Europa zementéiert domat seng Roll als ee vun de globale Brennpunkte vum Klimawandel. De Kontinent wiermt sech nämlech däitlech méi séier op wéi déi weltwäit Moyenne.
Extreem Hëtzt an de Süde vun Europa
Besonnesch de Süde vun Europa hat 2025 ënnert extremen Hëtztwellen ze leiden. A Länner wéi Griicheland goufen am Summer Temperaturen erreecht, déi d’Liewen am Alldag massiv erschwéiert hunn. Zu Athen ass de Quecksëlwer schonn am Juli bei Sonnenopgang deelweis op 30 Grad geklommen an huet am Laf vum Dag dacks d’40-Grad-Mark iwwerschratt. Wärend verschidde Bevëlkerungsgruppen nach Méiglechkeete fannen, sech ofzekillen, sinn et virun allem eeler a vulnerabel Persounen, déi besonnesch staark betraff sinn.
Eng Etüd vum britteschen Imperial College London weist, datt d’Temperaturen an europäesche Stied dëse Summer bis zu véier Grad iwwert dem Duerchschnëtt louchen. D’Konsequenz: eng däitlech Hausse vun den Doudesfäll mat der Hëtzt als Ursaach. Schätzungen no sinn eleng dëse Summer ronn 16.500 Doudesfäll an europäesche Stied op déi héich Temperaturenn déi vum Klimawandel verstäerkt ginnn zeréckzeféieren – dat sinn iwwer zwee Drëttel vun allen Hëtzedoudesfäll an 854 analyséierte Stied.
Am stäerkste betraff waren ënner anerem Roum mat zousätzlech 835 Doudesfäll, Athen mat 630, Paräis mat 409 an Madrid mat 387 Affer.
Méi extrem Wieder, méi grouss Risiken
Analysë vum europäesche Klimaservice Copernicus no trieden extrem Wiederphenomener zanter Joren ëmmer méi dacks op a gewannen u Intensitéit. Hëtztwellen, Iwwerschwemmungen a Stuermkatastrophen erhéijen d’Risike fir Mënscheliewen a fir d’Stabilitéit vu Communautéiten op der ganzer Welt. Och am November 2025 koum et nach zu schwéiere Katastrophen, ënner anerem duerch tropesch Zyklonen a Südostasien, bei deene vill Mënsche gestuerwe sinn. Dat ass e kloert Zeeche fir déi laangfristeg Konsequenze vun der weidergoender Erwiermung vum Klima.
Dréchent, Bränn a Rekordverloschter
Nieft der direkter Gefor duerch Hëtzt ginn et och mëttel- a laangfristeg Auswierkungen. D’Kombinatioun aus héijen Temperaturen an ëmmer méi laangen Drécheperioden dréit dozou bäi, datt Biedem a Vegetatioun ëmmer méi séier ausdréchnen. Doduerch explodéiert de Risiko vu Bësch- a Flächebränn. Fuerscher warnen, datt grouss Bränn an Europa geschwënn net méi d’Ausnam, mee d’Reegel kéinte ginn.
Bis Enn August 2025 sinn an Europa méi wéi eng Millioun Hektar Land de Flamen zum Affer gefall – eng Fläch esou grouss wéi Zypern. Dat ass en neien, traurege Rekord.
Alarmzeechen aus der Arktis
Och an der Arktis hunn déi héich Temperaturen 2025 fir negativ Rekorder gesuergt. Am Mee ass d’Äis ronderëm Grönland bis zu 17 Mol méi séier geschmolt wéi dat fir dës Zäit vum Joer normal wier. Gläichzäiteg war et den zweetwäermste Mee zanter Ufank vun den Opzeechnungen.
Dëst huet direkt Konsequenze fir de globale Mieresspigel. De verstäerkte Schmëlzprozess vum grönlänneschen Äisdeckel bedeit net nëmme méi Waasser an den Ozeanen, mee och e méi héijen Undeel u Séisswaasser am Nordatlantik – e Phenomen, dat ouni de mënschgemaachte Klimawandel net méiglech gewiescht wier.
Déi wirtschaftlech Käschte klammen
Nieft de mënschlechen an ökologesche Konsequenze gëtt och de finanzielle Schued ëmmer méi grouss. Laut Berechnunge vun der Europäescher Zentralbank an der Universitéit Mannheim hunn extrem Wiederphenomener d’Staatskeesen an der EU mat ronn 126 Milliarden Euro belaascht. Dat ass en neie Rekord – bal dräimol sou vill wéi nach am Joer virdrun, wou de Schued bei 43 Milliarden Euro louch.
Apell no méi Klimaupassung
International gëtt dofir ëmmer méi haart no verstäerkten Investitiounen a Klimaupassungsmoossname geruff. Dozou zielen ënner anerem Hëtztschutzkonzepter an de Stied, besser Waasser-Management-Systemer an eng méi resilient Infrastruktur.
Eng Saach ass kloer: All zousätzlecht Zéngtelsgrad vun der globaler Erwiermung huet déifgräifend Konsequenzen. Extrem Wiederphenomener wäerten an Zukunft net ofhuelen – mee weider zouhuelen.