
E Freideg géint 11:30 Auer krut de CGDIS e Kichebrand an enger Residence um Stater Kierchbierg an der Rue Jos Keup gemellt. Beim Asaz vun de Pompjeeë vun Hesper, Nidderaanwen an der Stad goufen dräi Persounen mat enger Leeder aus der Wunneng gerett. Beim Virfall gouf eng Persoun blesséiert, och de Samu war am Asaz.
Gebrannt huet et dann och ëm 13:00 Auer op der Rehsemes Wiss zu Schrondweiler. D'Pompjeeë vu Fiels, Noumer an der Nordstad an d'Ambulanz vu Fiels waren op der Plaz. Hei ass kee Mënsch ze Schued komm.
Weider mellt de CGDIS nach zwee Accidenter op de Stroossen e Freideg de Mëtteg. Ëm 14:37 Auer gouf et an der Rue Dellheicht zu Esch-Uelzecht ee Blesséierten, nodeems een Auto accidentéiert war. Da gouf et nach eng Kollisioun mat engem Auto an engem Moto um CR339 tëscht Kaalber an der Tëntesmillen. Hei war de Rettungshelikopter, d'Pompjeeë vu Clierf an d'Ambulanz vun der Nordstad am Asaz, fir der blesséierter Persoun ze hëllefen.